
© NASA/JPL-Caltech/UArizona/AFP/Handout
Zanter 2006 ëmkreest de "Mars Reconnaissance Orbiter" de roude Planéit fir Fotoen ze maachen.
D'Biller, déi de Satellit ophëlt, gi reegelméisseg op d'Äerd geschéckt a vu Fuerscher ausgewäert. Ma bei der Analys vun de leschte Biller war de Wëssenschaftler eppes Kuriéises opgefall. Deemno gëtt et um Mars eng Formatioun vun Hiwwelen a Krateren, déi wéi d'Gesiicht vun engem Teddybier ausgesäit.
Op enger Plaz um Mars gëtt et nämlech e ronne Rass mat engem Duerchmiesser vun 2.000 Kilometer, an deem senger Mëtt sech e Bierg, deen d'Form vun der Nues vun engem Teddybier huet, befënnt. Iwwert der Nues sinn dann nach 2 ronn Krateren. Dës sollen d'Ae vun deem "galakteschen Teddybier" sinn.