Elo sinn och d'Wikingerinnen lass! No 2 Joer Corona-Paus gouf op de Shetlandinselen nees dat traditionellt "Up Helly Aa"-Fest gefeiert, mat enger Ännerung.

Eng alleréischte Kéier zanter der Geschicht vun dësem Festival waren och Frae bei der Participatioun vum Festival an der Stad Lerwick zougelooss. An der Haaptgrupp, deen, deen d'Parad lancéiert, war awer keng Fra vertrueden. Wéi d'Organisateure matgedeelt hunn, läit dat dorun, dass de Grupp am Joer 2011 gebilt gouf an do waren eben nach keng Fraen erlaabt.

Um "Up Helly Aa", deen ëmmer um leschten Dënschdeg am Januar ass, gesäit een d'Awunner an opwennege Kostümer. Esou wëlle si d'Wikinger-Ierwe vun der Inselgrupp feieren, déi tëscht dem Norde vu Schottland an Norwegen leien. Den Héichpunkt vum Fest ass den traditionelle Fakelzuch. Do gëtt virun de ville Spectateuren e Wikinger-Schëff a Flame gesat an dann eng ganz Nuecht duerchgefeiert.

Lescht Joer gouf decidéiert, déi reng männlech Parad z'änneren, sou dass och elo Fraen dierfe matmaachen. Am méi ländleche Deel vun de Shetlandinsele gouf dëst awer schonn ëmgesat. Allerdéngs sinn dës Feierlechkeeten net esou grouss wéi zu Lerwick. Et handelt sech ëm eent vun de wichtegsten, traditionellen Evenementer, sou eng Studentin. D'Decisioun kéim trotzdeem e bësse spéit, bedauert d'Jane Smith.
D'Wikinger sinn am spéiden aachte Joerhonnert op de Shetlandinselen agefall an hunn do iwwer 600 Joer geherrscht. Den Organisateuren no gëtt de Festival "Up Helly Aa" zanter dem 19. Joerhonnert gefeiert. Antëscht zitt et och ëmmer méi Touristen op d'Inselen, fir sech déi immens Parad unzekucken.