Am Mäerz d'lescht Joer hat de Fransous en neie Rekord opgestallt am Apnoetauchen ënnert dem Äis. Lo ass hie mat Orcae tauche gaangen.

Mat 120 Meter an dräi Minutten ass dem Fransous Arthur Guérin-Boëri e weidere Rekord am Apnoetauchen ënnert dem Äis gelongen. Elo huet hien en neien Challenge gesicht. An de kalen arktesche Gewässer vun Norwegen trotzt hien net just de batterkalen Temperaturen an der Däischtert, hie geet do och mat engem vun de gréisste Mieresraiber schwammen - mat Killerwalen.

Mat dëser Aktioun wëll den Arthur Guérin-Boëri, deen direkt e puer Rekorder am Fräitauchen ënnert dem Äis huet, méi Leit fir d'Apnoetauche begeeschteren, dat wäit méi ass, wéi just Sport a Leeschtung.

Mat engem déiwen Otemzuch taucht de Fransous iwwer 15 Meter déif am äisege Waasser vun de Kvaenangen-Fjorden, fir do déi imposant Walfësch ze beobachten, déi do no Hierke joen. "Ech sinn am Waasser direkt nieft zwee Super-Predateuren getaucht, déi mech acceptéieren. Et ass majestéitesch", sou den 38 Jore alen Taucher no der éischter Kéier am Waasser mat dësen Déieren.

"Si beweege sech synchron, eng Aart Ballet. Ech géif hinne gär noschwammen, mä et ass onméiglech, si beweege sech ze séier a loosse mech dann och séier hannert sech".

Wéi preparéiert ee sech op esou eng Keelt?

De Guérin-Boëri wiermt sech mat engem waarme Feier am Virfeld op seng kal Tauchgäng, dat an enger traditioneller norwegescher Hütt aus Holz, déi mat Buedem a Wiss bedeckt ass.

RTL

© AFP

De Fransous huet fënnef Mol den Titel als Weltmeeschter an der dynamescher Apnoe-Kategorie vum kompetitive Fräitauche gewonnen a kann deemno iwwer 100 Meter déif tauchen, nieft dem Fait, dass hie minuttelaang den Otem unhält.

Beim Tauche mat den Orcae war d'Haaptzil och einfach just, dës beandrockend Miereskreaturen an hirem natierlechen Ëmfeld ze bewonneren an eventuell eng opreegend Entdeckung ze maachen. Dës Tauchgäng daueren och just ongeféier 30 Sekonnen, net méi. "Onvergiesslech!"

Eng Woch laang war den Apnoetaucher am schnéibedeckte Spildra, enger klenger Insel iwwert dem Polarkrees. Dat wéinst engem heftege Stuerm a fir do no de Wale fir d'éischt mol ze sichen, ier et zum éischten Treffe koum.

RTL

© AFP

"An dësem Ëmfeld vergësst du Middegkeet, Keelt a Suergen. A wann s du nees d'Uewerfläch erreechs, fir nees z'ootmen, ginn et äisbedeckte Fielse ronderëm dech... du bass ëmgi vu Schéinheet".

"Ech wëll zum Wesentleche vum Fräitauchen zeréckkommen: d'Erfuersche vun der Ënnerwaasserwelt, Entdeckunge maachen, an ech hunn eng Belounung kritt".

Den Arthur Guérin-Boëri ass därmoosse begeeschtert, vun deem, wat hien erlieft huet, dass hien elo scho plangt, den nächste Wanter nees zu Spildra ze verbréngen.