Nom Doud vun der Queen Elizabeth II. soll hiren Nofollger Charles III. net méi op d'Geldschäiner an Australien drop kommen.

An Zukunft sollen op australesche Geldschäiner iwwerhaapt keng brittesch Monarche méi ze gesi sinn, sou d'Zentralbank en Donneschdeg. Op de Fënnef-Dollar-Schäin, wou bis ewell déi verstuerwe Kinnigin ze gesi war, soll deemno en Indigeen-Motiv drop kommen.

D'Decisioun wier mat der Regierung zesumme geholl ginn. D'Zentralbank huet nach präziséiert, dass et op d'mannst ee Joer dauere wäert, bis déi nei Schäiner do sinn, well alles misst fir den Drock ëmgestallt ginn. Et wéilt ee sech elo och emol mat den Indigeen-Vertrieder beroden, wéi den Design genee soll ausgesinn. Ugefaange wéi gesot mam Fënnef-Dollar-Schäin.

RTL

© AFP

De Staatschef vun Australien ass jo bis haut och ëmmer nach zousätzlech e brittesche Monarch. D'Land diskutéiert awer zanter enger gudder Zäit schonn iwwer eng méiglech Lassléisung vum Kinnekshaus. Den Doud vun der Queen Elizabeth II. am September d'lescht Joer hat grouss Trauer an Australien ausgeléist. Indigeen Gruppéierungen hunn zäitgläich awer géint dat brittescht Kinnekshaus protestéiert. Si maachen d'Monarche mat responsabel fir d'Kolonialverbriechen.