
© Fahmi Fakhrudin / Unsplash
Ronn 25,1 Kilo Kaffi verbraucht de Lëtzebuerger pro Joer, dat weisen d'Zuele vun der "Food and Agriculture Organization of the United Nations", kuerz FAO.
Domadder läit de Grand-Duché wäit virun all den anere Länner an Europa. Fir dës Zuelen ze kréien, huet sech d'FAO ugekuckt, wéi vill Kilo Kaffi an engem Land verkaf gouf an dat op d'Unzuel vun de Bierger erofgerechent.
Dobäi gëtt awer net consideréiert, ob de Kaffi, dee Verkaf gouf, dann effektiv och vu Lëtzebuerger gedronk gouf oder awer, ob Frontalieren hire Kaffi léiwer am Grand-Duché besuergen, well en hei fir vill vun hinnen däitlech méi gënschteg ass, wéi am eegene Land.
Op d'Plaz zwee kéim an dësem Ranking Finnland mat 11,8 Kilo an d'Bronzmedail géif u Schwede goen, wou een ëmmerhin nach bei 10,1 Kilo läit.
Am wéinegste Kaffi gouf 2019, an deem Joer goufen dës Zuelen erhuewen, an der Tierkei an der Ukrain (0,9 Kilo) a Moldawien (0,6 Kilo) verkaf.