
© AFP
Fuerscher vun der däitscher Max-Plank-Gesellschaft hunn ee Planéit entdeckt, dee méiglecherweis eng Atmosphär huet. Eng Sich no Liewe kéint sech lounen.
Fuerscher vun der däitscher Max-Plank-Gesellschaft hunn ee Planéit entdeckt, dee méiglecherweis eng Atmosphär huet. Eng Sich no Liewe kéint sech lounen. Et handelt sech ëm ee sougenannten Exoplanet mam Numm "Wolf 1069 b". Vun Exoplanéite geet riets, wa sech den Himmelskierper ausserhalb vum Sonnesystem befënnt a ronderëm een anere Stär respektiv "brongen Zwerg" dréint. Bis elo goufe méi wéi 5.000 Exoplanéiten identifizéiert. De "Wolf 1069 b" ass 31 Liichtjore vun der Äerd ewech. D'Fuerscher ginn dervun aus, datt et wuel nach 10 Joer dauere wäert bis gekläert ass, ob um nei entdeckten Exoplanéit Konditiounen herrschen, déi Liewen erméiglechen. A Chile gëtt aktuell dat sougenannt Extremely Large Telescope gebaut, dat et erméigleche soll d'Zesummesetzung vun der Atmosphär vun Exoplanéiten ze ënnersichen.