Déi 18 Joer al Biologiestudentin Juliette Lamour aus dem kanadesche Saint Marys hat sech e Lottoschäin kaf, nodeems hire Grousspapp hir dozou geroden hat.

Dësen hätt hir kuerz no hirem Gebuertsdag gesot, dass Si einfach mol hiert Gléck probéiere sollt. Well d'Julie nach ni an hirem Liewe Lotto gespillt hat, hat Si esouguer hire Papp uruffe missen, wéi Si am Geschäft stoung, fir dësen ze froen, wéi si de Schäin ausfëlle sollt.

Trotzdeem schéngt de Rotschlag vum Grousspapp dee richtege gewiescht ze sinn. D'Julie huet nämlech kuerzerhand 48 Millioune kanadesch Dollar gewonnen, also ëmgerechent ronn 32 Milliounen Euro. Elo wéilt Si fir d'éischt e Mol fäerdeg studéieren. D'Sue géif Si vun hirem Papp, deen am Finanzwiese schafft, investéiere loossen.