Nodeems dem Peter Fischer säin 13 Joer ale Jong an der Schoul Kokain geholl huet, ermëttelt d'Police géint hie wéinst Drogebesëtz.

Géint de President vum däitsche Futtballveräin Eintracht Frankfurt, de Peter Fischer, gëtt wéinst dem Kaf a Besëtz vun Kokain ermëttelt. Säin 13 Joer ale Bouf hat d'Drog an der Schoul mat engem Kolleg konsuméiert.

Zousätzlech zum 66 Joer ale Fischer enquêtéiert de Parquet och géint seng Fra an de 25 Joer ale Jong. Enn Januar hat d'Police d'Wunneng vum Futtballfunktionär duerchsicht an op sengem Nuetsdësch Réckstänn vu Kokain fonnt.