
© Image Facebook / Kaya Yanar
Den däitsch-tierkesche Komedien Kaya Yanar ass an Däitschland gebuer an opgewuess, ma vill Familljemembere liewen an der Tierkei, och am Äerdbiewegebitt.
Wéi den Entertainer elo an engem emotionale Message matgedeelt huet, si bei den Äerdbiewe virun zwou Wochen am Südoste vun der Tierkei och Leit vu senger Famill ëm d'Liewe komm. Hien trauert deemno ëm aacht Familljememberen, dorënner dräi Teenager.
En Deel vu senger Famill wier nach ëmmer an der zerstéierter Stad Antakya, fir sech do ëm déi Verstuerwen ze këmmeren. Fir déi aner Familljememberen hätt seng Mamm en Ënnerdaach zu Antalya organiséiert. Do hätte si en Daach iwwert dem Kapp an eppes z'iessen, ma si wieren all traumatiséiert. D'Biller vun der Zerstéierung wieren den "absolutten Horror".
Hie wéilt sech net ausmolen, wéi säi Liewen hätt kënne verlafen, wiere seng Elteren zu Antakya bliwwen. "Vläicht hätt ech déi lescht Deeg domat verbruecht, ënnert den Debrise vu mengen Elteren hirer Heemecht no Hëllef ze jäizen". Méi wéi jee wier hie sengen Elteren dankbar, dass si an Däitschland gereest sinn.
Besonnesch Merci sot de Komedien awer all de Fräiwëllegen an deenen, déi sur place hëllefen. "Trotz mengem gebrachenen Häerz mësche sech ënnert d'Tréine vun Trauer och Tréine vun Dankbarkeet", sou de Yanar op Facebook. Hie selwer wéilt mat Aktioune Sue sammelen, fir d'Organisatioun "Ärzte ohne Grenzen" z'ënnerstëtzen.