D'Schicksal vum Afraa ass ronderëm d'Welt gaangen: Kuerz nom Äerdbiewen a Syrien ass d'Kand op d'Welt komm a gouf 7 Stonnen no der Gebuert gerett.

Dat neigebuerent Meedche gëllt als Wonnerbaby, ma laang war onkloer, wie sech ëm d'Kand këmmere soll. D'Mamm ass kuerz no der Gebuert de 6. Februar an den Debrise vun hirem agestierzten Haus gestuerwen. Och de Papp, dräi Schwësteren, e Brudder an eng Tatta konnte just nach dout gebuerge ginn.

D'Geschicht vum Afraa, sou huet dem Kand seng Mamm geheescht, ass dono ëm d'Welt gaangen. Eleng schonn de Start an d'Liewe war méi wéi spektakulär. Iwwerlieft huet d'Kand wuel net just, well et duerch de Kierper vun der verstuerwener Mamm virun der Keelt geschützt war, ma och well d'Këndchen nach mat der Nuebelschnouer verbonne war.

Familljememberen am nordwestsyreschen Dschandairis konnten de Puppelchen elo bei sech ophuelen, nodeems eendeiteg duerch en DNA-Test bewise konnt ginn, dass si matenee Famill sinn. "Hatt ass meng Séil, mäi Liewen an déi ganz Welt fir mech", sou de Monni Chalil al-Sawadi géintiwwer der Noriichtenagence AFP. Hie selwer huet mat senger Fra véier Meedercher an zwee Bouwen. D'Famill huet beim Äerdbiewen alles verluer a wunnt den Ament an engem Zelt.

RTL

© AFP