
© AFP/Jade GAO
A China sëtze matten an der Nuecht Dosende vu jonke Leit mat ronne Luuchten op der Strooss a schwätzen an d'Frontkamera vun hirem Smartphone.
Wat huet et domat op sech? Ma déi jonk Leit si Streamer an interagéiere mat hire Fans. Dat wërft allerdéngs schonn déi nächst Fro op. Firwat maache si dat op der Strooss an net wéi déi meescht Leit vun doheem aus?
Ma d'Streamer hoffen, dass si op dës Manéier méi Sue verdéngen. Si sëtzen nämlech net op iergendenger Plaz dobaussen, mä bei enger Bréck an der Géigend vun engem räiche Staddeel vu Guilin. Si verdéngen hir Suen nämlech mat Suen, déi hir Spectateuren hinnen op der Plattform, Douyin, op där si streamen, spenden. Den Algorithmus vun der Plattform funktionéiert ënner anerem esou, dass Streamer, déi bei engem an der Géigend sinn, um Site méi wäit uewen ugewise ginn. Déi jonk Leit hoffen also, op dës Manéier d'Opmierksamkeet vu méi räiche Spectateuren an doduerch méi grouss Spenden ze kréien.
D'Konditiounen ënnert deene si hir Aarbecht maachen, sinn dann och net déi agreabelst. D'Noriichtenagence AFP war op der Plaz an huet mat verschiddene vun hinne geschwat. Si sëtzen deelweis bei 0 Grad stonnelaang op der Strooss. Op engem gudden Dag verdénge si ëm déi 87 $, op engem schlechte grad emol 1,50 $.
D'Firma Bytedance, där Douyin gehéiert, hat am éischten Trimester zejoert iwwerdeems e Benefice vun 18,3 Milliarden $ gemaach.