
© AFP Archivbild
Am rheinland-pfälzesche Sembach war d'Police no engem Accident alarméiert ginn. Ma deen huet sech als Crime erausgestallt.
Den automatesche Noutruff-System war en Donneschdeg de Moien ausgeléist ginn. Op der Plaz huet d'Police vu Kaiserslautern dunn awer an engem vun den zwee accidentéierte Gefierer d'Läich vun enger Fra hannert dem Steier entdeckt. Sämtlech Versich, d'Affer ze reaniméieren, waren ouni Succès. Si hat e puer Aschosswonnen um Kierper.
Am anere Gefier huet d'Police eng Waff fonnt. Ermëttlungen hunn erginn, dass et sech beim Won ëm dee vum 48 Joer ale Mann vun der erschossener Fra handelt. Hie gouf ronn eng Stonn méi spéit an engem Appartement festgeholl.
D'Police geet bei der Dot vun enger Bezéiungsdot aus.