Do misst och d'Reporterin schmunzelen: Zwee Magier féieren hannert enger ZDF-Reporterin en Zaubertrick op. Mir hunn eis mat hinnen ënnerhalen.

Wärend d'Reporterin vum ZDF vu London aus grad iwwert den Ukrain-Krich bericht, taucht hannert him den Zauberer-Duo Siegfried & Joy op. Ee vu béiden hält e gëllent Duch an d'Luucht a säi Partner "verschwënnt" kuerzerhand hannert dësem, ass awer an enger Telefonskabinn hannendrun ze gesinn.

Do kann och d'Reporterin d'Grinsen net zeréckhalen a kommentéiert de spontanen Optrëtt mat de Wierder "It's magic". An de soziale Medie gëtt den Zaubertrick gefeiert a souguer den ZDF-Studio vu London huet en op der eegener Twitter-Säit gepost, wou en entretemps iwwer 300.000 mol ugekuckt gouf.

Mir hunn eis mam "Siegfried & Joy", wéi déi zwee sech nennen, ënnerhalen a wollte wëssen, wat dann d'Iddi hannert hirem Spiicht war. War dat ganzt iwwerhaapt geplangt?

Extrait Siegfried & Joy iwwert hiren Zaubertrick

"Nee, mir sinn duerch Zoufall duerch London getrëppelt, wéi mir dat an all Stad maachen, an där mir op Besuch sinn, an dunn hu mir dës Geleeënheet gesinn a genotzt."

Datt et sech ëm eng Ekipp vum ZDF handelt, wossten déi zwee net. Och ass et hinnen net drëms gaangen, sech ze promovéieren, mä einfach fir Magie ze verbreeden. Am Endeffekt huet jiddereen et och mat Humor opgeholl:

Extrait Siegfried & Joy iwwert d'Reaktiounen

"Den ZDF, d'Moderatorin Hilke, déi huet dat mat Humor opgeholl. Jiddereen huet dat ganz positiv opgefaasst, de Kameramann war ganz begeeschtert dovunner. An um Enn hu sech all d'Bedeelegt doriwwer gefreet."

Och wollte mir méi iwwert hir Verbindung zu Lëtzebuerg wëssen. Ee vun hinnen, "The Great Joy Leslie" huet Ufank vun den 2000er Jore jo zu Dikrech gewunnt, wou hien déi entretemps opgeléist Diddelenger Band "Eternal Tango" gemanaged hat. Mä nach eng aner Saach verbënnt déi zwee mam Grand-Duché:

Extrait Siegfried & Joy iwwert Lëtzebuerg

"Am Gudde Wëllen zu Lëtzebuerg war eis alleréischt Show ausserhalb vu Berlin. Dat war 2016 an déi wäerte mir ni vergiessen."

Lëtzebuerger Fans vum Siegfried & Joy däerfe sech iwwregens freeën: Am Mee trieden déi zwee nämlech zu Betzder op, wou si lescht Joer fir déi éischte Kéier waren an e sech och direkt dra verléift hunn.