E Freideg huet eng Persoun aus Frankräich den néngt-gréisste Gewënn an der Geschicht vum Euromillions a Frankräich gewonnen.

Mat der Kombinatioun 7, 23, 34, 42, 48 an der 1 an 3 als Stären-Zuelen huet e franséische Resident den Jackpot vun 102.242.065 Euro geknackt, deen e Freideg ausgeloust gouf, wéi d'Française des Jeux (FDJ) matdeelt. De gléckleche Gewënner huet elo 60 Deeg Zäit, sech ze mellen.

Et ass deen néngt-gréisste Gewënn an der Geschicht vum Euromillions a Frankräich, dee gréissten Jackpot vun der europäescher Lotterie a Frankräich huet de 15. Oktober 2021 eng jonk Polynesierin op Tahiti geknackt. D'Fra hat déi éischte Kéier gespillt an direkt 220 Milliounen Euro gewonnen.

Donieft hunn zwee europäesch Spiller mat de fënnef richtegen Zuelen an engem Glécksstär 446.486,90 Euro gewonnen, weider 11 Spiller hunn déi richteg Kombinatioun, mä ouni Gléckszuel getippt a jeeweils 18.972,90 Euro gewonnen.

Bei der nächster Auslousung en Dënschdeg, den 28. Februar kann en Jackpot vu 17 Milliounen Euro geknackt ginn.