E puer Méint laang huet d'Police ermëttelt, bis si den 32 Joer ale Mann inflagranti erwëscht huet.

Eng Autosfirma hat gemellt, datt Saachen, déi si bestallt haten a geliwwert sollte kréien, verschwonne waren. Zäitgläich goufen déi bestallte Produkter Online zum Verkaf ugebueden.

Doropshin huet d'Police Ermëttlungen opgeholl an no diversen Aussoe vun Zeie koum een ëmmer méi op d'Pist vun engem Liwwerant. Dëse gouf dann och Enn Januar inflagranti vun der Police erwëscht, wéi hien amgaange war, säi Liwwerwon ze lueden an awer schonn ee Pack opgemaach hat.

Wéi d'Police dunn d'Wunneng vum 32 Joer ale presuméierten Täter duerchsicht huet, goufen eng 300 geklauten Artikele fonnt a saiséiert. Et gëtt geschat, datt de Schued bei ëm déi 30.000 Euro läit.