Déi japanesch Bevëlkerung gëtt ëmmer méi al a schrumpft aktuell an engem Rekordtempo.
Esou sinn dat lescht Joer fir déi éischte Kéier an de leschte Joerzéngte manner wéi 800.000 Puppelcher op d'Welt komm. Donieft sinn awer och mat 1,6 Millioune Persounen esou vill Leit gestuerwen, wéi dat nach ni de Fall war.
Dowéinst huet de Ministerpresident Fumio Kishida erkläert, datt d'Ukuerbele vun de Gebuerten elo déi wichtegst Aufgab wier. Esou sollen Eltere méi Sue kréien, Déngschtleeschtunge fir d'Familljen ausgebaut an d'Aarbechtswelt am Land reforméiert ginn. Experte bezweifelen awer, datt dëst eppes wäert veränneren. Bis elo waren all d'Versich vun der Regierung, d'Zuel vun de Gebuerten nees eropzesetzen, ouni Erfolleg.
Nieft der niddereger Unzuel u Gebuerten huet Japan nach e weidere Facteur, deen dozou féiert, datt d'Populatioun am Land ëmmer méi al gëtt: et immigréiere ganz wéineg Leit an d'Land. Dowéinst huet een och de Fall, datt a verschiddene Regioune ganz Dierfer quasi net méi bewunnt sinn: Haiser stinn eidel a falen a sech zesummen oder Schoule ginn zougemaach.
Donieft bestuede sech vill vun de Japaner ëmmer méi spéit an doduerch kommen d'Kanner och méi spéit op d'Welt. Vill Frae sinn och net bereet, fir op hir Karriär ze verzichten, fir Kanner ze kréien. An och, datt d'Männer a Japan vill Stonnen am Dag schaffen, an dowéinst wéineg doheem hëllefen, ass e weidere Facteur. Vill Jonker grënnen dann aktuell a Japan och keng Famill, well si et sech einfach net leeschte kënnen.