
© GLOBAL FINPRINT/AFP/Archiv/-
An Argentinien war ee 35 Joer ale Mann 10 Deeg laang vermësst. Hie war no engem Ausfluch mat sengem Quad verschwonnen.
Nodeems hien no zwee Deeg nach ëmmer net zeréckkomm war, huet seng Fra dunn d'Autoritéiten alarméiert, déi no enger Zäit säi Quad a säin Helm fonnt hunn.
E Sonndeg hu Fëscher dunn eng Rei Haien u Land gezunn an opgeschnidden, woubäi am Mo vun engem vun den Déieren e mënschlechen Aarm mat engem Tattoo louch, deen ouni Zweiwel zum vermësste Mann gehéiere misst.
D'Fëscher hunn doropshin d'Police kontaktéiert, déi den Inhalt vum Mo méi genee ënnersicht huet.
Am meeschte gelies