
© RTL-Archiv
Enger neier Etüd no hëllefen 11 Minutte Beweegung all Dag, oder 75 Minutten an der Woch, de Risiko fir eng ganz Rei Krankheeten däitlech ze reduzéieren.
De Fuerscher vun der brittescher Cambridge University no geet de Risk fir Häerz-Kreeslaf-Erkrankungen ëm 17 Prozent erof. Beim Kriibsrisiko sinn et -7 Prozent bei verschiddenen Zorte Kriibs awer och däitlech méi.
D'Weltgesondheetsorganisatioun huet bis ewell op d'mannst 150 Minutte Beweegung d'Woch recommandéiert. Déi nei Date weisen, datt schonn d'Hallschent dovunner der Gesondheet ze gutt kënnt.
Et muss een och net klassesch Sport maachen. Ze Fouss oder mam Vëlo op d'Aarbecht oder an de Buttek, oder och mol aktiv mat den Enkelkanner spillen, si gutt fir d'Häerzgesondheet a verbesseren de Kriibsrisiko, geet aus der Etüd ervir.
E bësse Beweegung wär op alle Fall besser wéi guer keng, soen d'Fuerscher. Fir d'Etüd hu si d’Date vun iwwer 30 Millioune Mënschen ausgewäert.
D'Fuerschungsteam huet och festgestallt, datt zwou vun dräi Persounen net méi op 150 Minutte Beweegung kommen, déi d'WHO recommandéiert. Aktivitéiten, déi Spaass maachen a liicht ëmzesetze sinn, wären eng gutt Méiglechkeet, fir méi aktiv ze ginn.