Fuerscher hunn erausfonnt, dass Toilettëpabeier eng "potentiell bedeitend Quell" ass, fir sëllege Chemikalien an eiser Ëmwelt z'hannerloossen.

Bei Analysen an Amerika, Afrika a Westeuropa wieren a Rouleauen Toilettëpabeier sougenannten disubstituiéiert Polyfluoralkylphosphater (diPAP) festgestallt ginn. Dat geet aus der e Mëttwoch an der Fachzäitschrëft "Environmental Science and Technology Letters" verëffentlechter Etüd ervir. Dës Stoffer gehéieren zu der Grupp vun de per- a polyfluoriéierte Chemikalien, kuerz PFAS.

PFAS iwwerliewen an der Natur extrem laang. Verschidden Etüde kommen zum Schluss, dass e puer vun hinnen Auswierkungen op d'Fruchtbarkeet hunn oder zu Entwécklungsstéierunge bei Kanner féiere kënnen. Déi elo festgestallten diPAP kënne sech ënner Ëmstänn zu anere PFAS ëmwandelen, déi als kriibserreegend gëllen.

D'Fuerscher verweisen drop, dass "Ofwaasser a Klärschlamm normalerweis fir d'Bewässerung an/oder d'Verdeele vu Piff benotzt ginn". Dass op deem Wee PFAS an d'Ëmwelt geréit, wier schonn detailléiert duergeluecht ginn. Dass PFAS am Toilettëpabeier och a klenge Quantitéiten erëmzefannen wieren, wier dofir vu potentieller Bedeitung.

Der Etüd no fügen e puer Hiersteller bei der Ëmwandlung vun Holz an Zellstoff PFAS zou, déi de fäerdege Produit, respektiv den Toilettëpabeier kontaminéieren. Och recycléierten Toilettëpabeier kann aus Faseren hiergestallt gi sinn, déi aus Materialie stamen, déi PFAS enthalen.
D'Fuerscher hunn hir Resultater mat Daten aus aneren Etüden zum PFAS-Gehalt am Ofwaasser souwéi Pro-Kapp-Verbrauch vun Toilettëpabeier kombinéiert. Deemno ass Toilettëpabeier fir ongeféier ronn véier Prozent vun den diPAP am Ofwaasser an den USA souwéi a Kanada, fir 35 Prozent a Schweden a bis zu 89 Prozent a Frankräich responsabel.

Zum prozentual nidderegen Undeel an Nordamerika hunn d'Fuerscher erkläert, dass dëse wuel dorop zeréckzeféiere wier, dass aner Produite wéi Kosmetik, Textilien a Liewensmëttelverpackungen do däitlech méi PFAS an d'Ofwaasser transportéiere wéi an Europa.

Zu der Grupp vun de PFAS gehéieren e puer dausend Chemikalien. Si kommen a sëllege Produite wéi Shampoingen oder Pizzakëschten zum Asaz. Däitschland, Dänemark, Norwegen, Holland a Schweden fuerderen e Verbuet vu ville Chemikalien. Dëst gouf am Januar bei der EU-Chemikalienagence ECHA agereecht. Eng Reegelung misst d'EU-Kommissioun ausschaffen, déi dann un d'Memberstaate verschéckt ginn. Mat enger Ëmsetzung vun engem Verbuet wier awer fréistens 2026 ze rechnen.