
© Gofundme / Vittoria Hunter
De Garçon vun engem Eisekuchen-Haus zu Arkansas huet Problemer, eng Wunneng an en Auto ze bezuelen. Doropshin decidéiert de Kayzen Hunter, him ze hëllefen.
Den 8 Joer jonke Bouf geet reegelméisseg mat sengen Elteren an en Eisekuchen-Haus am US-Bundesstaat Arkansas Kaffi drénken. Do befrënnt sech de Kayzen Hunter mam Garçon Devonte Gardner, deen d'Famill reegelméisseg zerwéiert.
De Mann wier ee vun de "glécklechsten a positiivste Mënschen", déi hie jee getraff huet, beschreift de Jong den Devonte Gardner. Ma u sech huet de Gardner et awer guer net esou einfach. De Garçon lieft mat senger Fra an den zwou Duechteren an engem Motelzëmmer a geet all Dag zu Fouss op d'Aarbecht. Hiert fréiert Doheem war vu Raten a Schimmel befall, wat dozou gefouert huet, datt d'Kanner krank goufen.
Nodeems de Gardner mat senger Famill an e Motel huet misse plënneren, si seng Depensen esou an d'Luucht geschoss, datt hie se net méi gestemmt krut, wéi hie selwer dem lokale Fernseesender "KTHV" erkläert. Den Devonte Gardner hätt ronderëm gefrot, ob iergendee wéisst, wou hien e bëllegen Auto kafe kéint - et wier him schwéiergefall, fir op een ze spueren, erkläert de Kayzen Hunter der "Washington Post". "Mäi ganzt Drénkgeld an alles, wat ech kréien, geet direkt u meng Kanner. Ech bezuelen all Dag 60 Dollar fir d'Kummer", ma d'Käschte géinge säi ganzt Akommes opfriessen, erkläert de Gardner weider.
Dem Devonte Gardner seng Situatioun huet dem Kayzen Hunter keng Rou méi gelooss. Zesumme mat senger Famill huet den 8 Joer ale Bouf eng Spendecampagne lancéiert, fir Sue fir en Auto fir säi Liblingsgarçon ze sammelen. "Hie begréisst eis ëmmer mat deem gréisste Laachen", schreift d'Mamm am Numm vum Bouf. "Ech hoffen Äert Häerz ass genee sou grouss wéi mäint an Dir hëlleft mir, Frëndlechkeet an der Welt ze verbreeden. All Betrag hëlleft!"
Dat eigentlecht Zil bei Gofundme war op 5.000 US-Dollar festgeluecht. Dës Zomm sollt duergoen, fir en Auto fir de Gardner ze kafen. Ma d'Resonanz war esou grouss, datt antëscht iwwer 50.000 US-Dollar zesummekoumen.