De fréiere brittesche Premier soll säi Papp bei sengem Récktrëtt op eng Lëscht vun 100 Persoune gesat hunn, déi zum Ritter geschloe solle ginn.

Wéi déi brittesch Zeitung "Times" mellt, soll de fréiere brittesche Premier Boris Johnson bei sengem Récktrëtt am September op eng Lëscht vu Persoune gesat hunn, déi zum Ritter geschloe solle ginn. Den 82 Joer ale Stanley Johnson wier eng vu ronn 100 Persounen op där Lëscht sinn. Dem Johnson seng Virgänger Theresa May an David Cameron hate jee ronn 60 Persoune proposéiert. De Bericht gouf bis elo weder vun der brittescher Regierung nach vum Boris Johnson sengem Ëmfeld confirméiert. Ma de Chef vun der oppositioneller Labour-Partei, Keir Starmer, huet eng méiglech Nominéierung vum Johnson sengem Papp als "lächerlech" bezeechent. Et géing sech d'Fro stellen, wat de Stanley Johnson gemaach huet, fir déi Auszeechnung ze verdéngen.

Dem Johnson säi Papp war fréierer Deputéierten am Europaparlament a war, anescht wéi säi Bouf Boris, géint de Brexit. Spéider huet de Stanley Johnson seng Meenung awer geännert, ma dat huet hien awer net dervun ofgehalen, d'lescht Joer déi franséisch Nationalitéit unzehuelen. Doriwwer eraus hunn him an der Vergaangenheet zwou Frae sexuell Belästegung virgeworf an et gouf de Reproche vun haislecher Gewalt géint seng fréier Fra, d'Mamm vum Boris Johnson. De Stanley Johnson hat déi Virwërf zeréckgewisen.