Sech wärend engem Film am Kino därmoossen donieft behuelen a sech zerklappen, fir ze bewierken, dass d'Seance muss ofgebrach ginn.

Wat onrealistesch kléngt, ass iwwert de Weekend bei eisen Noperen Dosende Mol registréiert ginn am Kader vum neie Rocky-Film "Creed III".

Zu Diddenuewen beispillsweis huet de Kino e Samschdeg ganz mussen zougemaach ginn, nodeems Jonker sech zerklappt hunn an d’Police op d’Plaz koum.

Dat selwecht war zu Essen an Däitschland de Fall, wéi och zu Saint-Etienne a Frankräich, wou eng 20 Jonker festgeholl goufen. Säin Ufank schéngt den "Trend" an de soziale Medie gehat ze hunn.