Restauranten, an deene Sushi op Fléissbänner zerwéiert gëtt, gehéieren a Japan zur kulinarescher Kultur.

Alles muss steril sinn, ma ëmmer méi brieche mam Tabu a stelle Videoen dovun op déi sozial Reseauen.

Wéinst enger onhygienescher Spiicht an engem Restaurant mat Sushi-Lafband sinn a Japan dräi Verdächteger festgeholl ginn. Et handelt sech ëm zwee jonk Männer am Alter vu 19 an 21 Joer souwéi e mannerjäregt Meedche vu 15 Joer, sou d'Police géintiwwer der AFP.

Et waren déi éischt Festnamen am Zesummenhang mat e puer Spiichten, déi online ënnert der Bezeechnung "Sushi-Terror" verëffentlecht goufen.

De Jonke gëtt reprochéiert, de Betrib an engem Restaurant vun der Chaîne Kura Sushi gestéiert ze hunn. Ee vun hinnen huet wuel Sojazooss aus enger Fläsch gedronk, déi fir all d'Gäscht geduecht war. Sollte si wéinst Stéierung vum Betribsoflaf verurteelt ginn, riskéiere si bis zu dräi Joer Prisong.

De "Sushi-Terror" hat a Japan fir grouss Opreegung gesuergt. D'Land ass bekannt fir seng héich Standarden a Saache Propretéit. An engem Video, deen op de soziale Reseaue gedeelt gouf, gesäit een zum Beispill e jonke Client, wéi hie säi Fanger ofleckt an e Sushi upéckt, dee grad um Band virun him laanschtleeft. Aner Videoe weise Clienten, déi Wasabi op verschidde Stécker sträichen oder de Läffel vun engem Dëppche mat gréngem Téi oflecken.