Dosende Presentateuren a Commentateure refuséieren ze schaffen, si weise sech solidaresch mam bekannte Presentateur Gary Lineker.

De Gary Lineker ass wéinst Aussoen iwwert d'Asyl- an Immigratiounspolitik vun der Regierung ofgesat ginn. Den 62 Joer ale Lineker, ee vun den treffséchersten Stiermer an der englescher Futtballgeschicht a Presentateur vun der Emissioun "Match of the Day", hat an engem Post op Twitter d'Rhetorik vun der brittescher Regierung mat där aus Nazi-Däitschland verglach. Hie wollt sech och net dofir entschëllegen. Um Freideg huet d'BBC annoncéiert, dat géing géint hir Richtlinne verstoussen. De Lineker dierft de Match of the Day net méi presentéieren, bis ee sech mat him eens gi wier, wéi hie seng sozial Medie benotzt.

Doropshin hunn d'Commentateure vun der Emissioun annoncéiert, si géingen dann och net deelhuelen. D'BBC huet decidéiert, datt de Match of the Day fir d'éischte Kéier ouni Presentateur oder Experte géing gewise ginn. Et géingen och keng Interviewe mat Spiller gefrot ginn. Verschidde Spiller hate schonn annoncéiert, si géingen der BBC keng Interviewe gi wéinst der Affär, eng Decisioun, déi och vun der Futtballgewerkschaft PFA ënnerstëtzt gëtt. Och Presentateuren an Experte vun anere BBC-Futtball-Emissiounen hu schonn annoncéiert, net ze schaffen, sou datt dës hu missen ofgesot ginn.

De Gary Lineker hat op e Video reagéiert, an där d'Inneministesch Suella Braverman d'Pläng vun der Regierung presentéiert huet, mat deene soll verhënnert ginn datt Mënschen a klenge Booter iwwert den Äermelkanal an England kommen. Hien huet geschriwwen "Dat ass einfach eng Mesure vun enger Grausamkeet, déi net ze moossen ass, déi sech géint déi vulnerabelste Mënsche riicht an enger Sprooch déi un déi vun Däitschland an den 30er Joren erënnert." Déi konservativ brittesch Regierung huet wëlles, Asyldemanden ze verbidden, wann d'Flüchtlingen irregulär an d'Land komm sinn an dës Persounen an aner Länner bréngen, wéi zum Beispill Rwanda.