
© AFP
De 87 Joer ale Japaner Iwao Hakamada soll viru bal 60 Joer säi Patron an deem seng Famill ëmbruecht hunn a souz zanterhier an der Doudeszell.
De Riichter vum Ieweschte Geriicht zu Tokio huet matgedeelt, dass eminent Zweiwel dru bestinn, dass den Iwao Hakamada soll schëlleg sinn. Fréier Beweiser missten iwwerpréift ginn an de Prozess nees opgeholl ginn. No bal 60 Joer an der Doudeszell, kéint den Hakamada deemno nees fräikommen.
"Well et, ausser dem Gezei, keng aner Beweiser gëtt, déi den Hakamada als Täter ausweise kënnen, ass et kloer, dass berechtegt Zweiwel bestinn", zitéiert de staatlechen Tëleessender NHK de Riichter Fumio Daizen.
Den Iwao Hakamada gouf 1968 wéinst der Ermordung vu sengem Chef an deem senger Famill zum Dout verurteelt. De fréierer Boxer huet no wochelaange Verhéier duerch d'Police e Geständnis ofginn, huet dëst awer kuerz drop nees widderruff. Hien huet ausgesot, hie wier an de brutale Verhéier forcéiert ginn, d'Dot zouzeginn, och d'Beweiser wiere gefälscht ginn. An awer gouf d'Doudesurteel 1982 vum Ieweschte Geriichtshaff confirméiert.
E wichtege Beweis fir d'Verurteelung waren deemools bluttverschmierte Kleedungsstécker, déi eréischt iwwer ee Joer no der Dot opgetaucht sinn. DNA-Tester haten do awer scho keng Verbindung tëscht dem Hakamada, dem Gezei an dem Blutt konnte feststellen. D'Geriicht hat dës Testmethoden deemools refuséiert.
2014 huet d'Bezierksgeriicht iwwerraschenderweis ordonéiert, dass den Iwao Hakamada sollt en neie Prozess kréien. Bis de Prozess sollt ulafen, gouf hien op fräie Fouss gesat. Véier Joer méi spéit huet dat Iewescht Geriicht zu Tokio op Demande vum Parquet d'Urteel nees opgehuewen. Dem Iwao Hakamada seng Supporter hunn doropshin den Ieweschte Geriichtshaff kontaktéiert a gefuerdert, dass den Doudeskandidat awer weiderhi kéint a Fräiheet bleiwen. D'Riichter do hunn dann och 2020 decidéiert, dass dat Iewescht Geriicht seng Decisioun nach emol iwwerdenke misst.
Dem Hakamada seng Schwëster war e Méindeg iwwerglécklech, "57 Joer" hätt si op deen Dag gewaart, "elo ass en do". "Endlech ass mir eng Laascht vun de Schëllere geholl ginn", sou déi 90 Joer al Hideko, déi sech onermiddlech fir hire Brudder agesat huet.
Och d'Mënscherechtsorganisatioun Amnesty International huet d'Decisioun begréisst als eng "scho laang iwwerfälleg Chance, Gerechtegkeet ze schafen".
Den Iwao Hakamada gëllt als dee Prisonéier, dee weltwäit am längsten an der Doudeszell souz. Déi bal fënnef Jorzéngten am Prisong, de Gros dovun an Eenzelhaft, hätten him psychesch schwéier zougesat. Am Interview mat der AFP huet de fréiere Boxer ausgesot, et wier, wéi "wann all Dag en neie Kampf" misst duerchgestane ginn.