Fossilien, Spueren aus der Vergaangenheet - där fënnt ee virun allem am Süde vu Lëtzebuerg.

Wann een e grousst Lach an de Buedem mécht, da kann een domat net just erausfannen, wéi d'Klima viru Millioune Jore war, mee och, wéi eng Déiere fréier hei gelieft hunn.

D'lescht Joer gouf et eng gréisser Ausgruewung zu Käerjeng. A wann een eppes fënnt, muss een et duerno opwenneg analyséieren. Mir hunn nogefrot, wou d'Analysen am Naturmusée dru sinn.