Nodeems de fréieren US-President zu Protester opgeruff hat, well hien en Dënschdeg sollt festgeholl ginn, ware sou gutt wéi keng Trump-Fans opgedaucht.

Nom Stuerm op de Kapitol am Januar 2021 hätt ee sech en anert Bild en Dënschdeg virum Geriichtsgebai zu Manhatten erwaart.

Den Ex-President vun de Vereente Staaten hat d'lescht Woch selwer d'Rumeur an d'Welt gesat, datt hien en Dënschdeg festgeholl soll ginn, well him reprochéiert gëtt, enger Porno-Star 130.000 Dollar bezuelt ze hunn, fir datt näischt vun der gemeinsamer Affär soll erauskommen. Doropshin huet den Donald Trump dozou opgeruff, dowéinst ze demonstréieren.

Komm sinn awer sou gutt wéi keng Supporter vum fréieren US-President. Nëmmen e puer Leit mat Fändelen ëm de Kierper, op deenen Trump steet, hat et virun d'Geriicht am US-Bundesstaat New York gezunn. Een dovun hat eng pelze Jackett mat engem Hutt mat Haren un an huet mat engem Vëlo seng Ronne ronderëm d'Gebai gedréint, wärend hie Sätz geruff huet, wéi "Mir si prett, eis Amerika zréckzehuelen. Sidd dir prett, dofir ze kämpfen?".

Och wann nëmme wéineg Trump-Supporter opgedaucht sinn, hu sech déi, déi do sinn, voll a ganz dem Donald Trump verschriwwen. Beim Stuerm op de Kapitol de 6. Januar 2021 huet ee gesinn, zu wat d'Fans vum Geschäftsmann amstand sinn. Dorop hate sech d'Autoritéite vu Washington an New York och fir en Dënschdeg agestallt.

Trotz Annonce vum Donald Trump ass en Dënschdeg schlussendlech näischt geschitt. Eréischt en Dënschdeg am Nomëtteg koumen nei Rumeuren op, datt den Ex-President eventuell e Mëttwoch festgeholl kéint ginn, wann den Jury en Urteel zu der Uklo schwätzt.