Bis zum Joreswiessel huet Kanada 39.566.248 Awunner gezielt. Dat ass deen héchste Sprong zanter 1957.

Haaptgrond fir dëse Bevëlkerungszouwuess ass dem nationale Statistikamt no d'Migratioun.

Kanada huet deemno gutt 437.000 Immigranten opgeholl. Dem Wëlle vun der Regierung no sollen et der an Zukunft nach méi ginn, vu ronn 500.000 d'Joer ass Rieds. Domat soll drop reagéiert ginn, dass d'Bevëlkerung ëmmer méi al gëtt an et massiv u Aarbechtskräfte feelt. De Chômagetaux louch zulescht bei 5 Prozent, vill Aarbechtsplaze wieren awer net besat.