Den Dram vum Fléien a Bëtong ëmgesat

© AFP
E kambodschaneschen Aarbechter ass zanter senger fréister Kandheet vum Fléie faszinéiert, geflunn ass hien nach ni. Säin Dram huet hie sech awer erfëllt.
Sou hallef op d'mannst.
Matten an engem Räisfeld huet de Chrach Peou sech säin eegene Fliger gebaut. Fléie mécht hien domat allerdéngs net, et handelt sech nämlech ëm säin Doheem.
Seng ganz Erspuernesser, ëmgerechent knapp 19.000 Euro, huet de Peou fir säin Dramhaus "Angkor Wat" ausginn. Déi kritt hien awer lo nees eran, well ëmmer méi Touriste dësen ongewéinleche Fliger bewonnere kommen. Fir dass säi Fliger-Haus och esou realistesch wéi méiglech ausgesäit, huet hie sech sëllege Videoe vu Privatjetten am Internet ugekuckt.
30 Joer laang huet de de Chrach Peou misse spueren a bal ee Joer laang huet hien dru gebaut, elo steet dat ongewéinlecht Haus aus Bëtong. Op Sailen, sechs Meter iwwert engem Räisfeld an an der Géigend vun enger berüümter Tempelanlag. An et gesäit tatsächlech aus wéi e reelle Fliger, mat allem, wat dobäi gehéiert. An och alles, wat seng Famill, respektiv seng dräi Kanner brauchen, sou den 43 Joer ale Wittmann houfreg: "Mir kënnen dra wunnen, schlofen, d'Buedzëmmer benotzen an iessen - an dat ganz wéi an engem Fliger. Ech sinn esou glécklech".
Säin Haus huet sech zu engem richtegen Touristemagnéit entwéckelt, wat him e gutt Täschegeld pro Selfie abréngt. Elo, hofft de Kambodschaner, dass hien mat deene Suen enges Daags säin Dram dach nach verwierkleche kann: "Wann ech genuch Suen hunn a weess wouhin ech wëll, da wäert ech an e Fliger klammen".