D'Luxair flitt elo de ganze Summer iwwer 2 mol d'Woch op de Fluchhafen Pescara op der Adria-Küst an Italien.

Déi éischte Kéier war um Méindeg am Nomëtteg. D'Maschinn gouf no der Landung vu Pompjeesween empfaangen, déi zesummen ee Bou aus Waasser iwwer de Fliger lafe gelooss hunn.

Esou een traditionellen Waasser-Salut gëtt aus zeremonielle Grënn gemaach. Ee Fliger fiert iwwer den Taxiway bei seng Plaz ënnert deem Bou, dee symbolesch un eng Hochzäit erënnere soll.

D'Occasioun kann de Récktrëtt vun engem Pilot oder Fluchkontroller sinn, den éischte oder leschte Fluch vun enger Fluchgesellschaft op engem Fluchhafen, den éischte oder leschten Vol vun engem Typ vu Fliger oder als Zeeche vu Respekt fir gestuerwen Zaldoten zum Beispill.

Wéi d'Concorde hire leschte Fluch vum JFK zu New York op Paräis hat, goufe blo, wäiss a rout Waasserkolonne gebraucht.

Zu Pescara war et um Méindeg awer "normaalt" Waasser.

RTL