9 Persounen iwwerliewen Tornado an engem Kill-Haus

© AFP/CHANDAN KHANNA
Am amerikanesche Bundesstaat Mississippi waren d'leschte Freideg 25 Persoune bei engem Tornado ëm d'Liewe komm.
Wéi d'Besëtzerin vun engem Restaurant an der Stad Rolling Fork géigeniwwer der Noriichtenagence AFP sot, wiere si, hire Mann a 7 vun hiren Employéen, wéi de Stuerm opgezu war an d'Kill-Haus vun hirem Restaurant geflücht.
Hire Mann hätt d'Dier wärend dem Tornado zougehalen. De Wand wier awer esou staark gewiescht, dass hie bal d'Kontroll iwwert d'Dier verluer hätt. Tëschenduerch wier esouguer den Daach vum Kill-Haus ewechgeflunn.
Wéi si schliisslech nom Stuerm probéiert haten aus dem Kill-Haus erauszekommen, hat d'Dier geklemmt. Ma e Gaascht, deen nach virum Stuerm am Restaurant giess hat, hat d'Dier schliisslech opgemaach an déi 9 Persoune konnten aus dem Kill-Haus erausgoen.