Fuerschülerin aus dem Allgäu mécht Course-poursuite wärend dem Examen

Nodeem e Camion dem jonke Meedche wärend senger Prüfung an den Auto gerannt an dono fortgefuer ass, ass déi jonk Fra him einfach nogefuer.
Wärend dem Meedche senger Prüfung ass e Camion, deen hannert sech aus engem Chantier gefuer ass, him an de Won gerannt. Dowéinst koum et zu enger Ausernanersetzung tëscht dem 18 Joer jonke Meedche sengem Farleerer an dem Chauffer vum Camion. De Camionneur huet sech doropshin a säi Gefier gesat an ass einfach fortgefuer.
Wärend de Farleerer d'Police alarméiert huet, ass seng Schülerin kuerzerhand dem Camion nogefuer. Déi alarméiert Police konnt den Camion kuerz drop an der Géigend vu Sonthofen stoppen an um Parking, wou e stoe blouf, si béid Männer nees verbal uneneegeroden. Esouwuel de Farleerer wéi och de Camionschauffer hunn dono géint deen aneren eng Plainte wéinst Beleidegunge gemaach.
Ob d'Fuerschülerin no dëser Aktioun awer hire Permis krut, war der zoustänneger Police net bekannt.