Schouldirektesch entlooss well si Schüler d'David-Statu gewisen hat

© AFP/ALBERTO PIZZOLI
Well si hire Schüler déi weltberüümt David-Statu vum Michelangelo gewisen hat, gouf d'Direktesch vun enger Privatschoul am US-Bundesstaat Florida entlooss.
Wéi et vu lokale Medien heescht, sollen eng Rei Elteren der Direktesch vun der "Tallahassee Classical School" zu Florida virgeheit hunn, si hätt de Kanner am Alter vun 11 bis 12 Joer "Pornografie" gewisen. Vum President vum Schoul-Virstand heescht et, et hätt een näischt dogéint, dass de Schüler d'Statu gewise gëtt, allerdéngs hätten d'Eltere missen am Viraus informéiert ginn. Fir d'Entloossung soll et nach weider Grënn ginn hunn, aus aarbechtsrechtleche Grënn kéint doriwwer awer net geschwat ginn.
En aneren Enseignant, deen aus Protest géint d'Entloossung eng Onlinepetitioun gestart hat, gouf mat Disziplinarmoossname menacéiert.
Zu Florenz, wou dem Michelangelo seng Statu steet, huet ee mat Onverständnes op de Virfall reagéiert. D'Direktesch vun der Galleria del'Accademia huet dat Ganzt als absurd bezeechent a betount, eng plakeg Statu wier net mat Pornografie gläichzesetzen.
Ëmmer nees suergt Florida wéinst senger konservativer Schoulpolitik fir Schlagzeilen. Ënnert dem republikanesche Gouverneur Ron DeSantis gëtt de Programm den Ament massiv ageschränkt: Theme wéi sexuell Orientéierung oder Geschlechtsidentitéit ginn am Enseignement net méi behandelt, och Rassismus als Sujet soll aus dem Schoulprogramm gestrach ginn.