Zesumme mat senger Fra Camilla ass de brittesche Kinnek vun e Mëttwoch un an Däitschland. Um Programm sti Rendez-vousen zu Berlin, Brandenburg an Hamburg.

Déi brittesch Royals wäerte vum Bundespresident Frank-Walter Steinmeier a senger Fra Elke Büdenberger beim Brandenburger Tor empfaange ginn. Den Empfang gëtt am Schlass Bellevue organiséiert, wou owes och e Staatsbanquet zu Éiere vum Monarche geplangt ass.

En Donneschdeg gëtt déi kinneklech Koppel vun der Buergermeeschtesch vu Berlin, der Franziska Giffey, an dem Bundeskanzler Olaf Scholz begréisst. Den Charles III. wäert dann och deen éischte Monarch iwwerhaapt sinn, deen eng Ried am Bundestag hält.

Méi spéit geet et dann zesumme mam Bundespresident bei de Ministerpresident Dietmar Woidke op Brandenburg, wou ënnert anerem eng Visitt vun engem Biobetrib um Programm steet. E Freideg fueren den Charles an d'Camilla op Hamburg, wou déi éischt Staatsvisitt vum neie brittesche Kinnek viru senger Kréinung de 6. Mee op en Enn geet.

Déi éischt Auslandsvisitt vum Charles III. als brittesche Kinnek sollt eigentlech a Frankräich sinn. Dës gouf allerdéngs wéinst de massive Protester géint d'Pensiounsreform ofgesot.