E genee esou trageschen, wéi och bizaren Tëschefall gouf et zu Aurich an Däitschland.

Wéi d'Police matgedeelt huet, ass en 58 Joer ale Mann am Keller vun engem Eefamilljenhaus ëm d'Liewe komm, zwee aner Familljemembere goufe blesséiert a koumen an e Spidol.

Si hate gegrillt, am Keller. Dobäi goufen allerdéngs gëfteg Verbrennungsgase fräigesat.

Der Police no goufen de Mann an déi zwou Fraen an der Nuecht op e Mëttwoch am Keller entdeckt. Fir de Mann koum do schonn all Hëllef ze spéit.