Gesichte Lëtzebuerger an Däitschland
Mamm bezilt Geldstrof, Fils bleift op fräiem Fouss

© AFP Archivbild
Zu Tréier ass ee per Haftbefeel gesichte Lëtzebuerger e Samschdeg de Moie e puer däitsche Polizisten an d'Netz gaangen.
De Mann war a Begleedung vu senger Frëndin. Hie war am Mäerz 2021 wéinst Computerkriminalitéit zu enger Geldstrof vu 4.700 Euro verurteelt ginn. Dës Zomm konnt hien net bezuelen, dowéinst ass seng Mamm agesprongen.
D'Fra ass deemno op Tréier gereest, huet de gefuerderte Betrag bei der Police hannerluecht an hirem Fils esou eng Prisongsstrof vun 94 Deeg erspuert.
Am meeschte gelies