De Christophe Gruault ass den Ament op enger Rudder-Tour vu Polen bis a Frankräich ënnerwee a mécht sou op d'Verschmotzung vun de Flëss opmierksam.

Den 58 Joer ale Fransous ass e Méindeg an der polnescher Haaptstad Warschau lassgeruddert. Vun do aus geet et duerch fënnef Länner: Polen, Däitschland, Holland, Belsch a Frankräich. Hien hofft, den 18. Juni zu Paräis unzekommen.

De Christophe Gruault ruddert an engem speziell gebaute Boot, dat sechs Meter laang a 60 Zentimeter breet ass. Hie wëll iwwer 2.000 Kilometer zeréckleeën an iwwer 22 Flëss rudderen. Hie wëll fir seng Aktioun weisen, "dass dat Schéint zerbriechlech ass an dass ee sech ëm dat Zerbriechlecht këmmere muss".

De Gruault wëll ënnerwee DNA-Prouwe sammelen a Wëssenschaftler zur Verfügung stellen.