E Bléck hannert d'Kulissen
Den Europa-Park schéckt seng 6 Millioune Clientë pro Joer, op eng Rees duerch 16 verschidde Länner, dorënner och Lëtzebuerg.
Virun allem elo wann d'Wieder nees matspillt, zitt et vill Leit an d'Attraktiounsparken. Déi meescht ginn dohinner, fir sech verzauberen ze loossen, fir an eng Dramwelt ze tauchen, respektiv ass et och déi richteg Plaz, fir d'Adrenalin-Junkien. Mee wéi ass et iwwerhaapt fir déi, déi do schaffen? Dozou gehéieren och e puer Lëtzebuerger, déi sech och am Park bal wéi doheem fille kënnen.
Si verspriechen engem e Kick a bréngen Grouss a Kleng un d'Staunen... d'Fräizäit-Parken. Mee loosse mer emol hannert d'Kulisse kucken, vun deenen, déi do schaffen.
Den Europa-Park schéckt seng 6 Millioune Cliente pro Joer, op eng Rees duerch 16 verschidde Länner, dorënner och Lëtzebuerg.
Wann et zu Rust hell gëtt, tëscht hallwer 7 an 8, ier d'Cliente kommen, schaffen zwee Aarbechter schonn op enger Héicht vu 40 Meter. Praktesch all Dag inspizéieren déi 2, déi riseg Holz Achterbunn, méi ewéi ee Kilometer Streck muss op déi maximal Sécherheet iwwerpréift ginn.
Dës Achterbunn wäert all Dag bis zu 18.000 Mënschen kutschéieren an dat mat enger Spëtzevitess vun iwwer 100 Kilometer an der Stonn. Dofir och e reegelméissegen Entretien, Botzen , Reparaturen an Iwwerpréiwen vun der Struktur an all eenzelen Boltzen, u sech en aussergewéinleche Beruff op enger aussergewéinlecher Plaz.
De Park beschäftegt 4.750 Mataarbechter aus 104 verschiddenen Natiounen.
Ënnert hinnen am Park ginn et awer och 4 Lëtzebuerger, esou ewéi de Sven vu Steebrécken. Den 28 Joer jonke Lëtzebuerger lieft haut zu Freiburg an Däitschland a fiert all Moie mam Auto bis hei op d'Aarbecht. Hie schafft zanter 4 Joer hei am Büro vum Fräizäitpark, am Häerz vum Logistik Zentrum. Hien ass zoustänneg fir nei Mataarbechter am gastronomesche Beräich anzestellen, deen ëmmerhin 1.400 Leit beschäftegt, an dat an all den Hoteller, an an den 100 Restauranten, déi een hei fënnt.
Dëse Park mat dem Thema "Europa" huet eng Séil, déi esou kosmopolitesch ass ewéi Lëtzebuerg. Dësen däitsche Park, dee knapps 3 Stonne vu Lëtzebuerg ewech ass, gouf 1975 vun enger Famill gegrënnt, déi sech deemools op den historesche Bau vu Kiermes-Attraktiounen an Ausrüstung fir Fräizäitparke spezialiséiert haten. Am Europa-Park ginn et 13 spektakulär Achterbunnen, vun deenen eng an 2,5 Sekonne vun 0 op 100 beschleunegt.
D'Lëtzebuerger Véierel fënnt een an der Mëtt vum Park tëscht dem engleschen an dem hollännesche Secteur. Op bal 2000 Quadratmeter fënnt een hei e Resumé vun eiser Kultur a Geschicht.

D'lescht Joer hat de Park 6 Millioune Visiteuren, gréisstendeels aus Frankräich, Däitschland an der Schwäiz, awer och aus Lëtzebuerg. En Dagesticket kascht 60 Euro. Dës Parke spriechen Erwuessener a Kanner d'nämmlecht un, esou ass et hei d'Konzept vun der Europa-Rees, wat de Leit am Beschte gefält.
Och d'Adrenalin-Junkië wëssen et ze schätzen. Eng vun den Attraktiounen erreecht eng Vitesse bis zu 130 Stonnekilometer a fiert 73 meter an d'Héicht. Si ass eng vun de gréissten an héchsten Stol-Achterbunnen an Europa.
Wien awer op manner Adrenalin steet, dee geet bei d'Äis, e wou all Dag 2 bis 4 Äiskonschtlaf-Showe ugebuede ginn. Eng Grupp vun Äiskonschtleefer aus der ganzer Welt huelen een hei mat op eng 30 Minutte-laang-Rees an de Weltraum mat Spezialeffekter.
Si probéieren ons ze verzauberen, ob op dem Äis, an den Attraktioune selwer, oder anzwousch anescht am Park. Si all schaffen dorunner, fir dass mir en onvergiesslechen Dag erliewen, an ons, wann och nëmme fir kuerz, an eng Dramwelt entféiere loossen.