"Please mind the gap"
Kinnek Charles a Camilla léine Bunn an Underground hir Stëmm
Fir de verlängerte Weekend fir d'Kréinung vum Charles ginn a Groussbritannien d'Passagéier vum Kinnek perséinlech zur Virsiicht opgefuerdert.
"Please mind the gap" - dës Opfuerderung héieren d'Passagéier de ganze Weekend héchst perséinlech vum Kinnek Charles III a senger Fra Camilla.
"Meng Fra an ech wënschen Iech an Äre Familljen e wonnerschéine Kréinungsweekend", fänkt d'Uso vum Charles un. Doropshi seet d'Camilla: "Wou och ëmmer Dir reest, mir hoffen Dir hutt eng sécher an agreabel Rees." D'Uso schléisst de Kinnek mat der typescher Opfuerderung, déi een am Londoner Underground héiert, of: "Please mind the gap".
Am meeschte gelies