50.000 Fester uechter Groussbritannien geplangt

© AFP/Marco BERTORELLO
No der Kréinung vum Kinnek Charles III. an der Kinnigin Camilla gëtt e Sonndeg viru gefeiert. De Palais huet zu engem grousse Kréinungsiessen opgeruff.
Uechter Groussbritannien sinn am Ganze 50.000 Fester geplangt. E Sonndeg den Owend ass dann um Schlass Windsor nach e Kréinungsconcert mat grousse Nimm wéi dem Katy Perry, Take That oder dem Lionel Richie.
Um Rand vun de Festivitéite goufen et awer och iwwer 50 Festnamen. De Gros dovunner vu Leit, déi géint d'Monarchie protestéiert hunn an "Down with the Crown" gejaut hunn. D'Londoner Police hat am Virfeld annoncéiert, rigouréis géint Persounen virzegoen, déi d'Kréinung géinge stéieren. Doropshi gouf et Kritik vun Human Rights Watch. Esou Zoustänn géing ee sech zu Moskau erwaarden, awer net zu London. Friddlech Protester missten erlaabt bleiwen an net gestéiert ginn. De Gros vun den 52 Aktivisten, déi festgeholl goufen, sinn nach net op fräiem Fouss. De Leader vun dëse Protester ass no 16 Stonnen awer e Sonndeg de Moien nees fräi gelooss ginn an huet getwittert: "Maache mer eis näischt vir: am Vereenegte Kinnekräich gëtt et kee Recht méi op e friddleche Protest."