Astronomen hunn zoufälleg déi gréisste kosmesch Explosioun entdeckt

© SHEFFIELD UNIVERSITY/AFP/Archiv/MARK A. GARLICK
En internationale Fuerscher-Grupp huet eegenen Aussoen no déi gréisst kosmesch Explosioun identifizéiert, déi jeemools gesi gouf.
D'Explosioun, bei där de Feierball ongeféier honnert Mol sou grouss wier wéi eise Sonnesystem, huet virun dräi Joer an enger Galaxie wäit ewech ugefaangen, sou d'Fuerscher vum Grupp ëm den Astrophysiker Philip Wieseman vun der brittescher University of Southampton e Freideg. Si hunn d'Explosioun, déi een nach ëmmer beobachte kann, "AT2021lwx" gedeeft.
D'Explosioun ass net dat hellste Liicht, dat ee bis elo jeemools am All gesi gouf. Dëse Rekord huet weiderhin de sougenannte "Gammablëtz" am Oktober, deen dowéinst "Boat" genannt gëtt, eng Ofkierzung vu "Brightest Of All Time". Ma och wann dat deen hellste war, d'Explosioun vum AT2021lwx huet an de leschten dräi Joer awer vill méi Energie fräigesat, wéi dee kuerze Boat-Blëtz.
Beim AT2021lwx handelt et sech ëm eng zoufälleg Entdeckung. Fir d'éischt gouf de Feierball vun der astronomescher Beobachtungsagence Zwicky Transient Facility am US-Bundesstaat Kalifornien agefaangen. Als gréissten Explosioun am Weltall gouf se awer réischt dat anert Joer erkannt, an dat nëmme mat Hëllef vun engem leeschtungsstaarken Teleskop an enger uschléissender Analys vun de verschiddene Wellelängte vun de Stralen.
Aacht Milliarde Liichtjoer ass d'Explosioun ewech, däitlech méi wäit wéi déi meescht aner Liichtblëtzer. Deemno muss den AT2021lwx entspriechend hefteg sinn. De Grupp ëm de Wiseman a seng Fuerschungskolleege schätzen, dass e ronn zwou Billioune Mol méi hell ass wéi eis Sonn.
Wisou den AT2021lwx entstanen ass, muss nach erfuerscht ginn. Eng Méiglechkeet ass d'Explosioun vun engem Stär, ma och do, ass den AT2021lwx am Verglach 10 Mol méi hell wéi all bis ewell beobacht Supernova. Eng aner Méiglechkeet ass e sougenannten Tidal Disruption Event (TDE), bei deem e Stär auserneegerappt gëtt, wärend e vun engem risege Schwaarze Lach agesaugt gëtt.
A puncto Hellegkeet gi Quasare matenee verglach. Bei engem Quasar schléckt e masseräicht Schwaarzt Lach am Zentrum vu Galaxien eng riseg Quantitéit Gas. D'Strale vu Quasare flackeren allerdéngs, wärend den AT2021lwx virun dräi Joer wéi aus dem Näischt ze stralen ugefaangen huet a bis haut nach liicht.
De Philip Wiseman a säi Fuerschungsteam halen d'Theorie am plausibelsten, dass e supermasseräicht Schwaarzt Lach lues eng massiv Gaswollek asaugt, déi ongeféier 5.000 Mol méi grouss ass wéi d'Sonn. Dës Theorie gëtt den Ament nach mat weidere Simulatiounen iwwerpréift. Donieft sichen Astronomen elo méi intensiv no méiglechen änleche Phenomener am Universum, déi nach net bemierkt goufen.