Reen aus der leschter Woch geet net duer, fir Dréchent ze kompenséieren

Eng Kierch a Spuenien, déi an normalen Zäiten ënner Waasser steet. / © AFP
A Spuenien si se besonnesch uerg vun der Dréchent betraff. A verschiddene Regioune kommen d'Camione mat Waasser, well näischt méi aus dem Krunn kënnt.
Och wann et dës Woch am Norde vu Spuenien deels zolidd gereent huet, ass dëst Meteorologen no vill ze wéineg, fir eppes un enger Dréchent ze änneren, déi elo scho bal zwee Joer dauert.
De Mount Abrëll huet dëst Joer eng ganz Partie Klimarekorder a Spuenien gebrach. Sou goufe zum Beispill 38,8 Grad zu Córdoba am Süde vum Land gemooss an och allgemeng louch d’Duerchschnëttstemperatur eng 3 Grad iwwert deem, wat normal fir d’Joreszäit wier. Et gouf och just ee Fënneftel vum Reen, deen et eigentlech sollt ginn, woumat dëst den dréchensten Abrëll war, deen et bis ewell gouf.
Sou sinn d’Stauséien an de meeschte Regiounen op engem kritesch niddrege Peegel. Besonnesch Andalusien am Süden a Katalounien am Nordoste sinn uerg betraff. Hei läit de Stand vum Waasser bei knapps 25% vun der Kapazitéit. Tëscht 70 an 80% wieren hei normal. Verschidden Dierfer musse mëttlerweil Waasser a Camionen komme loossen, wëll näischt méi aus dem Krunn kënnt. Och Groussstied ewéi Barcelona si betraff. Hei huet d’Gemeng decidéiert, ëffentlech Parke net méi ze netzen an d’Sprangbuere bleiwen aus. Et gouf en Opruff un d’Bevëlkerung gemaach, fir spuersam a responsabel mam Waasser ëmzegoen.
De Problem mécht och der Landwirtschaft ze schafen. Eng 60 Prozent vun de spuenesche Bauere si vum Waassermanktem betraff. Sou iwwerleeë sech dann och vill vun de Agriculteuren, ob et nach finanziell fir si Sënn mécht, hir Felder iwwerhaapt ze kultivéieren. Dëst kéint dann d’Inflatioun bei de Liewensmëttel a Spuenien weider an d’Luucht dreiwen, en delikat Thema grad an engem Waljoer. D’Zentralregierung huet dofir elo e Mesurëpak vun iwwer zwou Milliarden Euro fir de Secteur an Aussiicht gestallt, fir dem Problem esou entgéint ze wierken.
Sollt d’Situatioun sech an de nächste Méint net verbesseren, an d'Meteorologe gi vun engem besonnesch waarme Summer aus, da wäert et wuel zu méi strenge Restriktiounen am Hierscht kommen. Dës Mesurë kéinten dann och Privatstéit betreffen. Sou kéint et verbuede ginn, Privatschwemmen ze fëllen, mä och de Waasserdrock um Krunn kéint reduzéiert ginn. A besonnesch kritesche Momenter kéint et och dozou kommen, datt d’Krunnewaasser zu gewëssenen Dageszäiten komplett zougedréint gëtt.