En neit Liewe mat Protheesen
D'Kolleege vum Magazin huet ënnert anerem en ukraineschen Zaldot begleet, dee vun enger Bomm getraff gouf.
De jonke Mann erzielt, datt d'Nouvelle fir hien, datt hien Protheese géif kréien, fir hei bedeit hunn, datt hien nees goe kéint an nees eng lénks Hand géif hunn. Hie gouf als Zaldot vun der Ukrain vun enger russescher Bomm erwëscht an huet dobäi béid Been a seng lénks Hand verluer.
An engem Atelier an Däitschland ginn d'Protheese fir d'Männer a Fraen, déi Kierperdeeler am Krich an der Ukrain oder bei aneren Tëschefäll oder Accidenter verluer hunn, gemaach an och un d'Besoinen ugepasst. Ma hei ginn och ukrainesch Techniker ugeléiert, fir datt si de Betraffenen an hirem Heemechtsland hëllefe kënnen. D'Associatioun "Superhumans" këmmert sech drëms, datt d'Leit an der Ukrain déi Hëllef kréien.