Nepalees war 27. Mol um Sommet vum Mount Everest

© AFP/Archiv/Prakash MATHEMA
Zesumme mat engem vietnameesesche Biergsteiger ass de Guide Kami Rita e Mëttwoch fir déi 27. Kéier um Sommet vum Mount Everest ukomm - en neie Rekord.
Domat huet den Nepalees, deen zanter méi wéi zwee Joerzéngten als Sherpa schafft an och schonn um K2, dem zweethéchste Bierg vun der Welt, war, en neie Rekord opgestallt. 1994 war de Kami Rita déi éischte Kéier um Mount Everest, 2019 ass den 53 Joer ale Guide zweemol bannent sechs Deeg op de mat 8.849 Meter héchste Bierg vun der Welt geklommen.
E Mëttwoch war iwwerdeems de brittesche Sherpa Kenton Cool fir déi 17. Kéier um héchste Punkt vun der Welt. Domat huet hie säin eegene Rekord fir déi meescht Kéieren um Sommet vun engem Net-Nepalees ausgebaut.

© AFP/Archiv/Prakash MATHEMA