Ronn 111 Joer nodeems d'Titanic ënnergaangen ass, bidden héichopléisend 3D Biller déi bis elo geneesten Duerstellung vum Schëffswrack.

Wëssenschaftler hoffen, datt d'Opnamen dobäi hëllefen, de geneeën Grond vum Ongléck eraus ze fannen. Déi nei Opnamen goufen am Summer zejoert gemaach. Iwwer 200 Stonnen hunn U-Booter d'Wrack ënnersicht an iwwer 700 Dausend Biller gemaach.

Bei der Katastroph am Abrëll 1912 waren ronn 1.500 Passagéier a Crew-Memberen ëm d'Liewe komm, wéi d'Schëff vu Southampton a Richtung New York am Nordatlantik mat engem Äisbierg kollidéiert ass. D'Wrack läit zanterdeem op ronn 4.000 Meter Déift.