Staatsbegriefnes vun der Queen huet 162 Millioune Pond kascht

© AFP
Éischte Schätzunge vun der Regierung no huet d'Staatsbegriefnes vun der verstuerwener Kinnigin de brittesche Steierzueler knapp 162 Millioune Pond kascht.
Virun allem déi ëmfangräich Sécherheetsmesurë fir déi Honnerte Staatscheffen a Monarchen, déi den 19. September beim Begriefnes vun der Queen Elizabeth II. dobäi waren, hunn d'Käschten an d'Luucht gedriwwen. Doriwwer eraus stoungen deeglaang Honnertdausende Mënsche Schlaang, fir e leschte Bléck op de Sarg ze geheien, deen zu London an zu Edinburgh opgeboort war. Och dëst huet deier Sécherheets- a Logistikmoossnamen erfuerdert. Iwwer 500 Polizisten aus dem ganze Land waren 10 Deeg laang am Asaz, fir d'Evenementer op verschiddene Plaze wéi dem Schlass Balmoral, London an d'Schlass Windsor ofzesécheren.
Um Dag vun der Trauerfeier gouf et du fir d'Police vu London de gréissten Asaz, deen et jee gouf a souguer méi grouss war wéi d'Ouverture- an Ofschlossfeiere vun den Olympesche Spiller 2012. Nach méi Mënsche waren awer ronderëm d'Kréinung vum Charles III. am Asaz - am Ganzen 11.500 Polizisten, Mataarbechter a Fräiwëlleger.