Koppel suergt dofir, dass Verkéiersluucht zu Erfurt net méi gréng gëtt

© Image Ave Calvar Martinez / pexels.com
E Sonndeg den Owend hat eng Koppel an engem Auto zu Erfurt dofir gesuergt, dass eng Verkéiersluucht fir eng länger Zäit rout bliwwen ass.
Wéi et vun der lokaler Police heescht, hätt eng Patrull zu Erfurt e Sonndegowend en Auto gesinn, dee fir eng länger Zäit mat beschloene Fënstere bei enger rouder Luucht stoung.
Wéi d'Polizisten doropshin nogekuckt hunn, ob alles an der Rei wier, huet sech erausgestallt, dass eng Koppel am Auto matenee geschlof huet.
Géigeniwwer de Beamte soten de Mann an d'Fra doropshin, dass d'Luucht net méi gréng gi wier a si sech einfach net méi hätte kënnen zeréckhalen.
Der Police no, wier d'Luucht rout bliwwen, well den Auto ze wäit vir stoung an de Sensor vun der Luucht dësen dowéinst net erkannt hätt.
D'Koppel huet missen e Protekoll bezuelen a konnt duerno weiderfueren.