E Méindeg hat eng Krokodil-Warnung an der Dordogne e Groussasaz vu Police a Pompjeeën ausgeléist. D'Reptil huet sech allerdéngs als Attrapp erausgestallt.

D'Gemeng Bergerac am Südweste vu Frankräich hat e Méindeg am Nomëtten d'Bevëlkerung dozou opgeruff, d'Ufer vun der Dordogne z'evitéieren. Och d'Gebitt ronderëm gouf fir den Trafic gespaart. E Passant soll deemno d'Autoritéite kontaktéiert hunn, well hien "am Floss eppes gesinn huet, dat ausgesinn huet wéi sou een Déier", heescht et vun dësen.

D'Dordogne gouf zwou Stonne laang vu Pompjeeën, Taucher, Gendaarmen a Beamte vun der Ëmweltpolice duerchsicht, ier een zwou Meter laangen Objet an der Form vun engem Krokodil aus dem Waasser gezu gouf. D'Gemeng huet spéider confirméiert, datt et sech ëm eng Attrapp gehandelt huet.