Néierens sinn Zigaretten esou onbeléift wéi a Schweden. Knapps 5 Prozent vun de Leit fëmmen.

Schweden gëtt wuel dat éischt Land op der Welt, dat soi-disant "dampfräi" gëtt. Als "dampfräi" gëllt ee Land dann, wa manner wéi 5 Prozent vun der Populatioun fëmmen. Zu Lëtzebuerg sinn et nach 28 Prozent vun de Leit iwwer 16 Joer.

Ursprénglech hat Schweden sech d'Zil gesat bis 2025 "dampfräi" ze sinn - elo schéngt den ambitionéierte But allerdéngs schonn zwee Joer méi fréi gräifbar no.

Wéi hunn d’Schweden et gepackt, fir vun den Zigarette lasszekommen? Um Präis läit et do net. Ee Pak kascht ëm déi 6 Euro. An Neiséiland sinn et zum Beispill iwwer 20 Euro.

Schweden hat fréi e Fëmmverbuet an der Gastronomie an och baussen a Baren a Restauranten oder op Busarrêten. Fëmme wier einfach net méi "normal" an aus dem schwedeschen Alldag verschwonnen.

Schweden huet awer och säi Wee fonnt, fir sech vun den Zigaretten ze trennen: mat Snus. Dat ass en urschwedesche Produit aus fiichtem Tubak, dee weder verbrannt nach gefëmmt gëtt, mä dee sech hannert d’Lëps geklemmt gëtt.

20 Prozent vun de Männer notze Snus, 7 Prozent vun de Fraen. Schweden ass also villäicht dampfräi, mee net gläichzäiteg direkt och tubak- oder nikotinfräi. Snus provozéiert vill manner Longekriibs, huet awer e grousst Suchtpotenzial.