Bei engem Futtballturnéier zu Frankfurt am Main koum et e Sonndeg zu enger Kläpperei, bei där e 15 Joer ale Jong liewensgeféierlech blesséiert gouf.

Wéi d'Police matdeelt, soll et sech beim Täter ëm ee 16 Joer ale Fransous handelen, den den Ament an Untersuchungshaft sëtzt.

Bei dem internationalen Tournoi hat ënnert anerem eng Ekipp aus Berlin géint eng Ekipp aus Frankräich gespillt, ier et zur Kläpperei koum. Den Täter soll de 15 Joer ale Jong géint de Kapp geschloen hunn, dësen ass dunn zesummegebrach a misst reaniméiert ginn. Hie kämpft den Ament am Spidol ëm säi Liewen. Säi Zoustand ass deemno kritesch.